Wou
geet dat hinn ?
Mir si
kënneg op der ganzer Welt, mir si jo globaliséiert, awer mer
fannen äis heiheem net méi am eegene Gewulls erëm. Eis grouss
Lotsen, déi äis de Wee solle weisen, déi hunn all den Tommel,
well se mam Kapp an déi vill Schëlter gerannt sinn, déi se sech
selwer an d'Féiss gesat hunn.
Da muss eben elo jidderee kucken, wéi e selwer eens gëtt. Vun
uewe kënnt keng Rettung, a vu ganz uewe scho guer net. Hei hëlleft
och kee Biede méi.
Den Uewen ass äus, mir mussen esouguer d' Äschen importéieren,
déi mer äis elo sollen op de Kapp ze streeën.
Wou geet dat hinn ? Si mer verluer a verdaamt ? Neen, et ass
nach eng kleng Glous do, a vläicht kréie mer dat Feier erëm
ugefaang, wa mer gutt fest dra blosen an dra stëppelen.
Mir probéieren et, mir heesche jo net fir näischt : d' Feierstëppeler.