KONTERLAMONTER

DEN 23/03/12 UM 20:00 AM AMPHITEATHER VUN DER COQUE

D'Zäit leeft !
Mir lafen ëm d'Wett, an dat net nëmmen am Sport. All Mëttel ginn agesat fir an der éischter Rei ze stoen. Mee wéi dacks verléiere mir bei dësem Spill géint d'Zäit ënnerwee d'Schlappen, loosse Plommen hänken oder of, wa mir nach wëlle méi performant, nach méi séier an nach méi schéi sinn? An dobäi hu mir keng Zäit méi fir näischt, oder dach !? Mat enger gudder Portioun Witz an Humor steet de Kabarä Feierstëppler an de Startlächer fir dës Course géint d'Zäit ze bremsen.
Mat den Auteuren Claudine Muno, Viv Meintz, Jemp Schuster, Serge Tonnar, Rol Gelhausen an der Musik vum Balli Baldauff, si si (si mir) beschtens gerüst, fir dass déi Aufgab geléngt. Verpasst och Dir net d'Arrivée vun dëser spannender Course ! "

ENTREESTICKET 15,00 € / PERSOUN
ENTREESTICKET + BUFFET MEDITERRANEEN AN DER PERLA (18:30 - 20:00) 29,00 € / PERSOUN